SEW géint geplangten Nohëllef an der VakanzRetarde sollen am regulären Unterrecht opgeschafft ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Gewerkschaft ass net iwwerzeegt vum Educatiounsminister Claude Meisch senge Pläng, fir Retarden iwwert de Summer opzehuelen.

Den SEW seet Nee zu der annoncéierter Nohëllef fir d'Schüler an d'Schülerinnen aus der Grondschoul an der Summervakanz. Wéi et um Freideg de Moien an engem Communiqué heescht, wier dës Iddi vum Educatiounsministère net sënnvoll fir d'Kanner a respektlos vis-a-vis vum Léierpersonal.

D'Coursë solle vum 31. August bis den 11. September organiséiert ginn. Dobäi solle pro Haaptfach 4 Kanner pro Klass ausgewielt ginn, déi eng Woch laang zwou Stonnen den Dag an d'Nohëllef goe kënnen. D'Gewerkschaften hätten dem Minister virun der Annonce um Donneschden schonn ze verstoe ginn, datt si net mat dësem Plang d'Accord wieren.

An den Ae vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL hätt awer all Kand e Recht drop, fir d'Retarden, déi wärend der Corona-Kris entstane sinn, opzefänken, dat awer wärend der regulärer Schoulzäit mat geschoultem Personal an net mat "Alibi-Nohëllefsstonnen".

Prett fir d'Rentrée

10/07/2020 BAND Covid-Rattrapage Schoulen 12h30 -goerens-

"Prett fir d'Rentrée“ dat ass den neie Programm vum Educatiounsministère, fir Schüler souwuel aus dem Primär wéi och aus dem Secondaire eng Chance ze gi Lacunnen opzehuelen, déi eventuell duerch d'Coronavirus-Pandemie an den Confinement entstane sinn. Dëst ass natierlech fräiwëlleg a gratis. Dëse Programm geet vum 24. August online. Donieft gëtt awer och nach eng aner Offer geschaaft.
An déi soll méi gezielt sinn fir Schüler aus dem Fondamental an dem Secondaire, déi net kënnen oder wëllen doheem eleng, autonom oder mat hiren Eltere schaffen.

"Dofir schafe mer eng Nohëllef an den Schoulen vum 21. August bis den 11 September. An dat Ganzt ass selbstverständlech gratis. Am Fondamental konzentréiere mer eis do op déi essentiell Contenuen, déi mer och eben an deenen Léier-Unitéiten an den themateschen Dossier fir all Kand virbereed hunn. Dat sinn natierlech d'Sproochen an d'Mathematik déi am Virdergrond stinn."

Den Enseignant soll déi Schüler proposéieren, déi senger Meenung no bei dëser Nohëllef, solle matmaachen. Dës Nohëllef dauert dann och just 2 Stonnen den Dag fir dass d'Schüler nach kënne vun hirer grousser Vakanz profitéieren.

"D'Offer ass sou ausgeluecht, dass mer maximal oder mindestens 75 Prozent vun den Schüler kënne profitéieren, well een et och an der Reegel och nëmmen an engem Fach wäert beleeën."

Wien assuréiert dës Nohëllef?

"Dat ass esou organiséiert, dass mer Enseignante gefrot hunn, fir dat iwwer Iwwerstonnen kënnen z'assuréieren. Do hunn mer e gewëssenen Feedback kritt. Mir hunn awer och schonn Studenten, déi sech gemellt hunn fir kënnen ze hëllefen. Op jiddwer Fall wäert keen Enseignant an kee Chargé de cours forcéiert ginn dat ze maachen"

Donieft sollen dann och nach eng ganz Rei Offeren geschaaft ginn, fir och no der Rentrée Retarden opzeschaffen, déi sech iwwer dëst Joer ugesammelt hunn, sou nach den Educatiounsminister. Fir dass spéitstens bis Chrëschtdag all Effort gemaach ginn, wär fir eventuell Retarden opzeschaffen.

Schreiwes vum SEW-OGBL

Back to Top
CIM LOGO