Lycée Michel RodangeRenovatioun an Ëmbau sinn onbedéngt néideg

RTL Lëtzebuerg
Dat sot en Donneschdeg de Moien op enger Visite guidée d'Carole Schmit, d'Responsabel vum Chantier.
Renovatioun an Ëmbau am Lycée Michel Rodange
Dat sot en Donneschdeg de Moien op enger Visite guidée d'Carole Schmit, d'Responsabel vum Chantier.

De Lycée, deen 1969 gebaut gouf, gëtt moderniséiert a vergréissert an dat well d'Zuel vun de Schüler staark geklommen ass. Momentan huet de Lycée 1.400 Schüler. Duerch d'Erweiderung ass et an Zukunft méiglech, méi Schüler opzehuelen. Et gëtt awer nach weider Grënn fir eng Renovatioun. Zum enge wier d'Gebai, wat d'Installatiounen ugeet, relativ um Enn gewiescht an do hätt ee missen intervenéieren. Weider wier och den Zoustand vun de Leitungen net méi gutt gewiescht. Esou hätt ee vun all deem profitéiert, fir dorunner ze schaffen.

Carole Schmit, d'Responsabel vum Chantier

De Budget fir dee Projet de loi beleeft sech op 60 Milliounen, déi wäerte se och anhalen, seet d'Carole Schmit. D'Aarbechte wäerten awer wuel bis 2021 daueren.

Back to Top
CIM LOGO