Summer zu LëtzebuergReen an niddreg Temperaturen hunn de Villercher d'Liewe schwéier gemaach

RTL Lëtzebuerg
D'Schilfgebitt tëscht Siren a Mensder ass 375 Hektar grouss, eng flott Géigend, fir d'Natur vun no ze genéissen an ze erliewen.
Schwéiere Summer fir d'Villercher
D'Schilfgebitt tëscht Siren a Mensder ass 375 Hektar grouss, eng flott Géigend, fir d'Natur vun no ze genéissen an ze erliewen.

Dëst Fiichtgebitt ass och ganz beléift bei de Migratiounsvillercher, wéi dem Seggenrohrsänger. Dës Zort ass a Gefor, an Europa ginn et nëmme méi tëscht 2.000 an 3.000 Koppelen. Fir dëse Vull virum Ausstierwen ze retten, gëllt et, d'Biotopen oprecht z'erhalen.

Aktuell sinn eng 70 bis 80 Zorte Vigel op der Migratioun. Schonn den 1.Juli maachen déi éischt Villercher sech op de Wee Richtung Sonn a waarm Temperaturen. Reen an niddreg Temperaturen hunn dëse Summer de Vullen d'Liewe schwéier gemaach.

An der Schlammwiss ginn d'Villercher vun Natur& Ëmwelt beréngt. Sou komme wichteg an interessant Donnéeën zesummen.

Duerch d'Schlammwiss däerf jidderee spadséieren, dee wëll. Dobäi ass et eng flott Plaz, fir nei Energie ze tanken.

Back to Top
CIM LOGO