
De Prozess wéinst presuméiertem Outrage an Intimidatioun vun engem Magistrat duerch den Affekot André Lutgen geet weider, mee mat anere Riichter, déi um Niveau vun der Chambre correctionnelle wäerte siegéieren.
Nodeems den implizéierten Ënnersichungsriichter Filipe Rodrigues dem Riichter Stéphane Maas Partialitéit reprochéiert hat a gefrot hat, datt de Magistrat sollt ersat, also recuséiert ginn, huet dëse Riichter aus fräie Stécker decidéiert, net weider d'Chambre correctionnelle ze presidéieren a sech zeréck ze zéien.
Am Schreiwes vum President vum Stater Bezierksgeriicht heescht et, datt de Stéphane Maas sech am Interessi vun der Serenitéit zeréckzitt, ouni awer Feeler a sengem Behuelen ze gesinn.
Domat geet de Prozess ëm den André Lutgen mat neie Riichter nees am November vu quasi Null un.
Communiqué du président du tribunal d'arrondissement de Luxembourg concernant un acte de récusation à l’encontre d'un juge de ce siège
(07.07.2021)
Le président du tribunal d’arrondissement de Luxembourg s’est vu remettre par le biais du greffe en date du 6 juillet 2021 une déclaration du président de la VIIe chambre suite à l’acte de récusation déposé à son encontre le 1er juillet 2021.
Dans cette déclaration le président de la VIIe chambre a fait part de sa décision de s’abstenir de l’affaire MP/André Lutgen dans l’intérêt de la sérénité de la justice et sans pour autant reconnaître un comportement fautif de sa part.
Suite à cette déclaration, l’instance de récusation est devenue sans objet.
L’affaire qui était traitée devant la VIIe chambre sera refixée ultérieurement devant une chambre correctionnelle du tribunal d’arrondissement de Luxembourg autrement composée.