
Vun der Iddi, iwwert de Finanz- a Businessplang, d’Marketing-Strategie bis hin zum Verkaf vum fäerdege Produit oder Service, all dës Etappe mussen d’Schüler duerchlafen, fir vun engem Jury bewäert a wa méiglech ausgezeechent ze ginn. Organiséiert gëtt dat Ganzt vun der Associatioun Jonk Entrepreneuren.
Net waarde bis déi grouss Konzerner hire System änneren. Mä selwer dozou bäidroen, datt manner Plastikstute benotzt ginn. Dat sote sech 9 Schüler aus dem Lycée Michel Lucius. An hunn dowéinst d’Mini-Entreprise „Pro’Oc“ gegrënnt.
"Klengen Offall, grousse Problem – geheit een net an d’Natur!", dat ass eng Campagne vum Nohaltegkeetsministère. An déi hu Schülerinnen aus dem Fieldgen zu hirer Mini-Entreprise inspiréiert. Mat portabelen Äschebechere wëlle si evitéieren, datt klengen Dreck wéi Zigaretten oder Knätscher einfach op de Buedem geheit ginn.
„Sundrive“ hunn déi 12 Schüler aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck hir Mini-Entreprise genannt. D’Produkt, dat se entwéckelt hunn ass e klenge Solarauto, eng Spillsaach déi an engem Bastelatelier zesumme mat de Grondschoulkanner kann opgebaut ginn. Dofir krut d'Mini-Entreprise de Präis fir d'bescht Handwierk an Innovatioun.
Et si Bullen aus Buedem, Som a Lehm, aus deene Blummen entstinn. „Magic Bombs“ heescht de Produit , dee vun engem Grupp vu Schüler aus dem Lycée Technique vu Bouneweg entwéckelt gouf. A klenge biodegradabele Bechere verkafen di Jonk hir sougenannt Seedbombs. 5 verschidden Zorte fir ënnerschiddlech Occasiounen huet d’Mini-Entreprise op de Maart bruecht an dës si bis ewell ganz gutt bei de Leit ukomm.
Bio-Chipsen aus Bio-Brout, dat net verkaf gouf, agepaakt a biodegradabelen Tuten. D'Schüler vun der Mini-Entreprise "The Brips" produzéieren a verkafen hiren nohaltegen-Produit selwer. Hir Geschäftsiddie koum beim Jury ugangs Juni ganz gutt un. Déi Jonk vun der Deuxième aus dem Lycée Technique vu Bouneweg krute beim Mini-Entreprise Concours direkt 3 Auszeechnungen.
Si realiséiere gefilmten Ëmfroe fir grouss Firmen a mat där Geschäftsiddi ass et deene 7 Schüler vun der klenger Firma "SAY IT" gelongen, de Präis vun der beschter Mini-Entreprise vun dësem Joer ze wannen. Eng Auszeechnung, déi et deene Jonke vun der Deuxième aus dem Lycée Aline Mayrisch erméiglecht huet, zu Lille a Frankräich bei der europäescher Mini-Entreprise-Competitioun matzemaachen. D’Lynn Cruchten huet déi motivéiert jonk Geschäftsleit begéint.
Am éischten Deel vun der Serie goung et am Allgemengen ëm d'Mini-Entreprisen.