
D'Hëllefsorganisatioun huet en Dënschdeg hir 13. Editioun virgestallt, eng Woch ier de Staatsminister Xavier Bettel seng Ried zur Lag vun der Natioun hält.
7 Fraen, 18 a 4 Jugendorganisatiounen hunn e Bäitrag fir de Sozialalmanach geschriwwen.
Et gëtt zu Lëtzebuerg 4 Beräicher an deenen op eng onverantwortlech Aart a Weis relativ wéineg gehandelt oder d'Problematik erofgespillt gëtt , seet de Robert Urbé vun der Caritas an zielt d'Aarmut an d'Inegalitéiten op, d'Renten, de Wuesstem an de Klimawandel.
Als ee vun den Auteuren weist de Robert Urbé drop hin, datt et op europäeschem Niveau gelongen ass manner Aarmer ze hunn, zu Lëtzebuerg d'Zuel vun de Leit déi an Aarmut liewen awer an d'Luucht gaangen ass:
"Dir wësst, datt am Kader vun der europäescher Strategie, Europa 2020, en Aarmutszil dobäi war, fir 20 Millioune Leit aus der Aarmut eraus ze kréien. Dat war an Tëschenzäit wäit ewech, wéinst de Suite vun der Kris, dat ass awer elo erëm no dobäi datt een net wäit dovunner wäert erukommen. Et gëtt den Ament domat gerechent, datt een tëschent 18 an 19 Millioune wäert leie wa bis 2020 do ass. "

Zu Lëtzebuerg, par contre, ass den Aarmutsrisiko bannent 10 Joer, vun 13,5 op elo 18,7 Prozent erop gaangen.
Eng vun de Conclusiounen, déi een aus der 13ter Editioun vum Sozialalmanach kann zéien ass, datt d'Ëmwelt an d'Klimaproblemer kee Mäerchen, mä eng Realitéit sinn, ënnersträicht d'Marie Josée Jacobs, d'Presidentin vun der Caritas.
Fir d'Caritas wier et anengems wichteg, datt déi Leit, déi net vill verdéngen, respektiv an der Prekaritéit sinn, e sozialen Ausgläich fir verschidde klimafrëndlech Mesure kréien.
"Wa gesot gëtt de Präis vum Sprit misst méi konsequent erop gesat ginn...d'Leit mam Mindestloun, déi musse mam Auto schaffe fueren, well et keen ëffentlechen Transport gëtt oder den Zuch an de Bus ëm déi Zäit net fueren, wou se musse schaffe goen, da bedeit d'Hausse vu Bensin a Masutt fir si natierlech vill méi Ausgaben, wéi fir een, deen eng gutt Paie huet. Dat selwecht gëllt beim Heizungsmasutt oder beim Gas."
D'Caritas huet och ganz genee Virstellungen iwwert d'Prioritéiten, déi de Staatsminister, déi aner Woch a senger Ried zur Lag vun der Natioun misst setzen.
Op éischter Plaz steet do de Logement, virun der Steierreform.
