
Dem CSV-Deputéierte Claude Wiseler no ass et "problematesch", datt déi nei Mesurë just bis den 10. Januar ginn an een dee Moment nach net onbedéngt weess, wéi een Impakt déi nei Mesuren haten a virum 10. Januar awer scho muss decidéiert ginn, ob déi nei Mesurë verlängert oder geännert ginn. „Den Timing ass wéi an deene leschte Méint sportlech“, sou de Mars Di Bartolomeo. Dem LSAP-Deputéierten a President vun der Chamber-Santéskommissioun no misst d'Chamber och vum 4. Januar un erëm aktiv ginn, "fir ze verlängeren, fir ze veränneren, fir z’ergänzen oder wann néideg, fir déi eng oder aner Lockerung ze maachen".
En Dënschdeg de Moien huet sech d’Chamber-Santéskommissioun 3 an eng hallef Stonne laang Mol mat den neie Covid-Restriktioune fir nom 26. Dezember beschäftegt. Diskussioune gouf et iwwert d'Ausgangsspär, déi op 21 Auer no vir geréckelt gëtt, iwwert d'Limitéierung vun de Rassemblementer op 4 Leit, mee d'Spadséiergäng souguer op 2, mee awer och iwwer iwwert d'Gestioun vun Donnéeë vu Leit, déi geimpft ginn, déi bis 20 Joer laang kënne gespäichert ginn, iert se anonymiséiert ginn. De Claude Wiseler huet och weider Bedenke geäussert wéinst engem neie Paragraph, deen de Beamten, Agenten a Salariéë beim Staat virschreift, eventuell Infraktioune géint Isolatiouns- oder Quarantänsmesurë beim Parquet ze mellen. Normalerweis gëllt déi Flicht am penale Beräich, mee hei géing et sech ëm Infraktiounen handelen.
De Mars Di Bartolomeo geet dovunner aus, datt den Avis vum Staatsrot iwwert déi nei Mesurë vum 26. Dezember bis den 10. Januar e Mëttwoch virläit, sou datt déi nei Versioun vum Covid-Gesetz en Donneschdeg virun Helleg Owend ka gestëmmt ginn. Bis elo wier kee Gesetz aus der Chamber erausgaange wéi et erakomm wier, sou den LSAP-Deputéierten. Et géinge sécherlech nach juristesch Prezisiounen oder nei Formulatioune kommen. Grondsätzlech wäert un de Mesuren, sou wéi d’Regierung se op den Dësch geluecht huet, awer näischt änneren.
