
Deemools war eng jonk Fra vu 17 Joer, déi hannen am Auto souz, gestuerwen, iwwerdeems de Bäifuerer uerg verwonnt gouf. D'Mamm vun der jonker Fra krut en Donneschdeg ronn 44.000 Euro Schuedenersatz zougesprach an de Bäifuerer eng Provisioun vun 12.500 Euro, en attendant eng Expertise, déi säi geneeë Schued soll festleeën.
De Chauffeur, dee virum Accident Alkohol an Droge consomméiert hat, war moies fréi op riichter Streck mam Won an de Rampli geroden, hat d'Steier erëmgerappt an dunn 3 Beem ze pake kritt.
Hie krut eng Prisongsstrof vun 18 Méint mat Sursis, eng Geldstrof vun 1.000 Euro an e Fuerverbuet vun 2 Joer.