
Wat déi rezent Consommatioun de leschte Mount ugeet, goung déi bei de Jugendleche vu 15 Joer erof a bei deene vu 17/18 Joer erop: Dat geet aus enger Etüd iwwert d'Consommatioun vun Drogen am Schoulalter ervir, déi ënnert dem Patronage vun der Weltgesondheetsorganistioun gemaach gouf.
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Educatiounsminister Claude Meisch schreiwen dat an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum an David Wagner.