ReisduerfPompjeeën zwee Mol wéinst "Vegetationsbrand" am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Am Nomëtteg an am fréien Owend goufen d'Pompjeeë aus der Ëmgéigend vu Reisdorf alarméiert, well et zu Flächebränn an engem Feld koum.
Den Asaz um 17:39 Auer.
Den Asaz um 17:39 Auer.
© CIS Reisdorf

Déi éischte Kéier war et um 15:42 Auer wéi d'Pompjeeën alarméiert goufen, datt beim Presse vu Botten e Feier lassgaange wier. Zesumme mat de Kollege vu Bettenduerf, Tandel, Dikrech, Ettelbréck an der Ambulanz aus der Fiels waren d'Pompjeeë vu Reisduerf op der Plaz, fir d'Feier ënner Kontroll ze bréngen.

An Asaz vu 15:42 Auer.
An Asaz vu 15:42 Auer.

Kuerz nom éischten Asaz gouf dunn um 17:39 Auer zu engem zweeten Alarm. Dëst d'Kéier ass beim Dreschen an engem Feld e Feier lassgaangen. D'CISen Reisduerf a Beefort ware séier op der Plaz, well si nach um Wee fir zeréck an de Schapp waren an esou war dëst Feier séier ënner Kontroll.

Back to Top
CIM LOGO