
Eng oder e puer Persounen hu sech duerch d'Terrassendier Zougang zum Haus verschaaft. Et goufen eng Partie Géigestänn matgoe gelooss.
An der Rue Schafsstrachen zu Stroossen haten d'Bewunner géint hallwer Eng an der Nuecht komesch Geräischer héieren, déi vun der Wunnengsdier komm sinn. 2 Onbekannter hu sech doropshin aus dem Stëbs gemaach.
Och zu Diddeleng waren e Méindeg Onéierlecher op enger Bausstell an der Rue Marie Berg-Clausse zu Diddeleng ënnerwee. Dës hunn eng Dier opgebrach a Baumaterial geklaut.