
Nodeems béid Männer d'Police erbléckst haten, hu si sech getrennt a sech nervös beholl. Bei der Kontroll konnt ee vun hinne just eng franséisch Asyldemande virweisen, donieft stoung och nach eng Prisongsstrof géint hien op. De Mann gouf landeswäit gesicht.
Hie gouf doropshin immobiliséiert, wat verschidde Leit aus engem Bistro an der Géigend ugezunn huet. Fir dass d'Situatioun net aus dem Rudder leeft, gouf Verstäerkung ugefrot. De Mann koum duerno op Schraasseg.
Iwwerdeems hat den zweete Verdächtegen eng Pistoul an der Box verstoppt. Och hie gouf immobiliséiert a krut Handschellen un. Et huet sech ëm eng Schreckschoss-Pistoul gehandelt, déi ugemellt muss sinn. De Mann muss sech wéinst illegalem Waffebesëtz veräntweren, konnt de Policebüro nom Protokoll awer nees verloossen.
E Freideg den Owend koum et zu Déifferdeng an der Rue Batty Weber zu engem Abroch an een Eefamilljenhaus. D'Brigangen hu sech duerch eng Fënster um 1. Stack Zougang verschaf. Ënner anerem goufe Bijouen an e Laptop geklaut. Um ënneschte Stack sinn d'Abriecher dunn awer dem Hond vum Haus begéint, si hunn dësen an engem Raum agespaart, hu weider no Géigestänn gesicht a sinn duerno geflücht.
An der Stater Rue Jean-Pierre Biermann sinn Onbekannter e Sonndeg am Nomëtteg, respektiv Owend an en Eefamilljenhaus agebrach, hunn d'Raim duerchsicht a verschidde Wäertgéigestänn matgoe gelooss, ier se geflücht sinn.
D'selwecht zu Monnerech an der Rue du Pontpierre.
Op sämtleche Plaze war d'Spueresécherung vun der Police op der Plaz an et gëtt ermëttelt.