Abréch a Fürerschäiner agezunnPolice hat an der Nuecht op e Sonndeg vill ze dinn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf vun e Samschdeg op e Sonndeg e puer Mol uechtert d'Land agebrach.

Dat zu Fréiseng an der Lëtzebuerger Strooss, zu Bauschelt an der Rue de l'Etang, zu Péiteng an der Rue de la Piscine an zu Waasserbëlleg um Bocksbierg.

Op der Escher A4 huet e Fuerer säi Permis missen ofginn, well en am Zickzack gefuer ass an am Parking Theaterplaz an der Stad gouf enger alkoholiséierter Fra hire Fürerschäin agezunn, well si d'Sortie net fonnt hat.

Back to Top
CIM LOGO