Long-CovidPilotprojet am Thermalbad Munneref

RTL Lëtzebuerg
Geschaten 10% vun de Covid-Patienten hunn 1 Mount no der Infektioun nach ëmmer Symptomer, déi hiren Alldag erschwéieren.
Long-Covid: Pilotprojet am Thermalbad Munneref
Geschaten 10% vun de Covid-Patienten hunn 1 Mount no der Infektioun nach ëmmer Symptomer, déi hiren Alldag erschwéieren.

Zanter Mëtt August leeft zu Lëtzebuerg e Pilotprojet vun der Santé fir Long-Covid-Patienten.

Mat 25 Joer ass den Nicolas Grandidier dee Jéngste vun de 4 Long-Covid-Patienten, déi den Ament hei zu Munneref 3 Woche laang encadréiert ginn. Seng Infektioun de leschten Oktober huet just 3 Deeg gedauert. Vun de Suitten ass hien haut nach betraff. Verloscht vum Gerochssënn, Konzentratiounsproblemer, zäitweis schwéier Middegkeet.

Méi wéi 15 Minutte Sport um Stéck packt de fréieren Arbitter net. An der 3 Woche laanger Therapie hei zu Munneref gëtt ënner anerem u senger Konditioun an um Muskelopbau geschafft. Den Nicolas mécht och beim Richtraining mat, deen extra fir d’Long-Covid-Patienten agefouert gouf an d’Richnerve stimuléiere soll. Zweemol den Dag, moies an owes Richtraining géif op d'Dauer bei 80% vun de Betraffenen de Gerochssënn zréckbréngen, seet d’Lis Müller. Déi Responsabel vum Service nutrition interdisciplinaire huet viru kuerzem eng Formatioun bei engem renomméierte Fuerscher an dësem Beräich gemaach.

Déi 53 Joer al Mireille Mulheims war am Hierscht zejoert 10 Deeg wéinst Covid hospitaliséiert. Si krut schlecht Loft, hat awer kee Sauerstoff gebraucht. Zanterhier ass déi véierfach Mamm mat Middegkeet geplot. No der Aarbecht wär si platt, Hausaarbecht an Aktivitéite mat de Kanner kréich si kaum nach hin. Wéinst Problemer vun den Otemweeër kann d’Mireille net méi richteg sangen. Eigentlech hir Leidenschaft. Hei am Thermalbad krut si dowéinst och Inhalatiouns-Seancë verschriwwen. Si spiert schonn éischt Fortschrëtter.

Wéi all d’Long-Covid-Patienten kritt d’Mireille wärend der Therapie e psychologeschen Encadrement an Ernierungsberoder. Si mécht och Muskelopbau a Konditiounstraining. Lymphdrainage steet um Programm. Dëse gëtt individuell un d’Besoine vun de Leit ugepasst.  3-4 Seance si moies virgesinn. Iwwerdeems den Nicolas duerno heem raschte geet, bleift d’Mireille d’Woch iwwer am Hotel zu Munneref.

Déi 3 Woche laang Therapie gëtt vun der Gesondheetskeess iwwerholl. Fir eligibel ze sinn, muss ee Long-Covid-Patient vu sengem Dokter eng Ordonnance kréien. Opgrond vum Gesondheetsbilan entscheet e sougenannte "Case manager" am CHL, ob de Patient seng Therapie am CHL, am Reha-Zenter oder am Thermalbad mécht. No deenen 3 Woche soll dann och nach emol e Bilan gemaach ginn.

D’Munnerefer Thermalbad erwaart deemnächst 10 weider Long-Covid-Patienten.

Back to Top
CIM LOGO