Police bestätegtPersoun gouf no Ugrëff mat Stéchwaff blesséiert, Täter geflücht

RTL Lëtzebuerg
De 15. Oktober, géint 22 Auer, gouf an der Rue de la Poste an der Stad direkt e puer mol mat enger Waff op eng Persoun agestach.
© RTL-Archiv

Wéi d'Police mellt, konnten trotz enger intensiver Sichaktioun den Täter, grad ewéi seng zwee Begleeder net fonnt ginn.

Déi blesséiert Persoun gouf nach op der Plaz medezinesch versuergt, éier se fir eng weider Behandlung huet mussen an d'Spidol bruecht ginn.

Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO