
D'Foussgängerin gouf ugestouss, wéi si den Zebrasträife genotzt huet, fir d'Strooss ze passéieren. An der Peppenger Strooss huet en Automobilist op der Héicht vun der Rue Antoine Zinnen zwar gebremst, ma d'Passantin gouf ze spéit gesinn. Wéinst dem Reen dobäi koum de Won net méi rechtzäiteg zum Halen a krut d'Passantin ze paken.
D'Affer gouf blesséiert, war awer bei sech. Si gouf, nodeems si nach sur place medezinesch versuergt gouf, mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht. D'Peppenger Strooss war fir de Verkéier wärend dëser Zäit gespaart.