
Um Stater Geriicht huet e Vertrieder vum Parquet en Donneschdeg 14 Méint Prisong an eng ugemoosse Geldstrof fir e Mann vun 49 Joer gefuerdert: Dee krut virgehäit, tëscht September 2009 a Juli 2017 Biller mat kannerpornografeschem Charakter consultéiert ze hunn.
De Mann soll donieft, als Giischtjen, en USB-Stick mat sou Material an de Prisong bruecht hunn. Am Prozess goung et ëm 121 där Biller, déi hie besiess hätt an op deene Meedercher vu 5 bis 16 Joer waren. Un deenen hirem Alter géif et keen Zweiwel ginn, sot de Vertrieder vum Parquet, fir deen d'Biller mat Meedercher vu 5/6 Joer drop geläscht goufen, entgéint deene mat Meedercher drop vun 12 bis 16 Joer.
Den Ugekloten hätt d'Biller an engem Dossier op sengem Computer klasséiert, spréch Kenntnis vun de Biller gehat. Hien huet domat op d'Aussoe vum Mann sengem Affekot reagéiert, fir deen engersäits net kloer wär, ob säi Client op eng entspriechend Tauschbourse gaange wär.
Dem Me Roby Schons no misst ee sech anerersäits och d'Fro stellen, ob säi Mandant bewosst no sou Material gesicht oder awer vläicht Saachen ënnerjubelt kritt hätt, onwëssentlech. De Mann sollt dofir fräigesprach ginn. Deen huet betount, hien hätt Fotoe gespäichert, ouni ze wëssen, wat drop war. Hien hätt och geduecht, dat wären aner Fotoe wéi kannerpornografescher, a verschiddener hätt hien net gesinn. Wouropshin de President vum Geriicht gefrot huet: „War Iech do de Brëll ugelaf?“ Eng, Zitat, „schlëmm Foto“ hätt hien direkt geläscht.
Um Ufank hat den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire erkläert, d'Affär hätt domat ugefaangen, dass et am Kader vun enger anerer zu enger Perquisitioun bei engem Prisonéier koum. Dee sot, hie wéisst vu Giischtercher, déi fir 500 € Sticke géifen an de Prisong brénge mat kannerpornografeschem Material drop, en anere Prisonéier kéint sech alles besuergen, iwwer ee Giischtjen. Bei engem Verhéier, méi spéit, hätt deen 1. Prisonéier den Numm vum Giischtje genannt, soudass et zu enger Perquisitioun bei deem doheem koum. Dee Mann hätt ausgesot, hie géif sou eppes net maachen an net wëssen, firwat dat géif op den Dësch kommen. Dem Enquêteur hätt hie gesot, Zitat: „Dir fannt näischt sou eppes!“, et goufen dunn awer eben déi 121 kannerpornografesch Biller fonnt.
D'Urteel gëtt den 12. Mäerz gesprach.