RadikaliséierungParallellen tëscht Islamismus a Rietsextremismus

RTL Lëtzebuerg
Radikaliséierung war an der Lescht nees en Thema zu Lëtzebuerg, dat wéinst dem Steve Duarte, dem presuméierten Dschihadist vu Meespelt.
Parallellen tëscht Islamismus a Rietsextremismus
Radikaliséierung war an der Lescht nees en Thema zu Lëtzebuerg, dat wéinst dem Steve Duarte, dem presuméierten Dschihadist vu Meespelt.

An deem Debat ginn déi aner Forme vu Radikalisatioun, wéi zum Beispill Riets-Radikalismus, awer dacks vergiess. Ma déi zwou Stréimungen fonctionnéieren no ganz ähnleche Prinzipien a schaukele sech deels géigesäiteg héich, war en Dënschdeg op engem Colloque vu respect.lu, dem Zenter géint Radikaliséierung, gewuer ze ginn.
29 Fäll vu Radikaliséierung huet respect.lu dëst Joer bis ewell encadréiert. Entweder Betraffener, déi vu sech aus Kontakt opgeholl hunn oder awer vu Persounen aus hirem Ëmfeld gemellt goufen. An der Haaptsaach hätt et sech ëm reliéis Radikaliséierung gehandelt.

"Woubäi een awer mengen ech, fir d’Feld däitlech ze maachen, soe muss, dass viru Geriicht déi lescht Jore virun allem Hate-Speech-Saache gelant sinn, déi awer aus dem rietse Spektrum komm sinn.", esou d'Karin Weyer vu respect.lu.

Als "Vorzeige-Neonazi" a Radikaliséierte bezeechent de Maik Scheffler sech selwer. 15 Joer laang war hien an der rietsradikaler Zeen aktiv, souguer eng Zäit laang Vizepresident vun der NPD a Sachsen, erzielt de Mann aus der fréierer DDR am Workshop vu respect.lu an erkläert eis am Interview, wéi déi islamistesch Uschléi an Europa dem Riet-Radikalismus Driff ginn hunn.

De Maik Scheffler ass haut an der Deradikaliséierung aktiv: "Das ist eben auch, dass man das dankbar findet, wenn solche Ereignisse in der Weltgeschichte passieren, weil dann natürlich die eigene Propaganda gegen die vermeintlich Schuldigen gegen ganze Systeme, ob das Deutschland ist, ob das die europäische Union ist, oder das Versagen dieser ganzen Konglomerate. Das natürlich auf fruchtbaren Boden bei der eigenen Klientel stösst."

Op der anerer Säit wär den islamisteschen Terror och eng Inspiratiounsquell fir Rietsextremer. Net just, fir e Pretext ze hunn, fir zouzeschloen, mee virun allem an der Ëmsetzung vum Terror-Akt.

Ma wéi géint d’Radikaliséierung vun de verschiddene Borde virgoen? Mat deem Thema befaasst sech d’Karin Heremans vum Radicalistion Awareness Network Europe: "Il faut mettre le focus sur la connexion, sur le sense of belonging. C’est très important et il faut dépolariser. Il faut vivre ensemble avec un socle commun de valeurs humanistes partagées avec le focus sur le mot “humaniste.

Back to Top
CIM LOGO