Déi parlamentaresch Budgetskontrollkommissioun huet sech en Dënschdeg ënner anerem nach emol mam kritesche Spezialrapport vum Rechnungshaff iwwert den ëffentleche Finanzement vu Spidolsinvestissementer befaasst. Dobäi gouf festgehalen, dass d'Aarbecht direkt no der Summervakanz, de 16. September, weider geet.
Den CSV-Deputéierten huet en Dënschdeg eng Propos virgeluecht, fir eng besser Kontroll vun den investéierte Suen.
Et wär wichteg e finanzielle Bilan vum entspriechende Gesetztext vun 1999 ze kréien, dee vum Gesondheetsministère bis ewell nach net gemaach gi wär, fir endlech ze wëssen, wou ee mat all de Projeten um finanzielle Plang dru wär, huet de Claude Wiseler gemengt. Et wéilt ee sech als Kommissioun selwer e Bild doriwwer maachen, ob d'Äntwerten, déi de Minister Étienne Schneider hir ginn huet, duerginn.
Ob mir nach zousätzlech Saache musse froen, ob mir selwer nach zu enger anerer Conclusioun komme, wéi de Minister. Meng Meenung ass, dass de Minister awer eng Rei vun de Froen esou beäntwert, datt se mir net duer ginn als Äntwert.
Den CSV-Politiker wëll d'Kontrollmechanismen anescht organiséieren. Do géif sech ënner anerem d'Fro stellen no der Kontroll vum Ministère duerch d'Chamber.
Mir hätte gär, dass mir méi enk kënne kontrolléieren, méi oft a méi detailléiert kënne kontrolléieren. Do musse mir zesumme mam Ministère e Mechanismus ausschaffen, d'selwecht wéi dat schonn zum Beispill bei de Bâtiments publics oder bei de Ponts et Chaussées ass, datt mer dat och bei deen heiten Typ vu Konstruktioun kréien.
Donieft wéilt een dem Ministère och Suggestioune presentéieren, wéi dee sech intern organiséiere sollt, esou de Claude Wiseler weider.
Dee Rapport huet relativ kloer gewisen, datt esou wéi de Ministère momentan organiséiert ass, eng oder zwou Persounen, déi en enorme Pak vu Suen a vu Projeten begleeden, kontrolléieren, datt dat absolut net kann duergoen.
Eng oder méi Persoune bäizesetze géif net déi néideg Resultater bréngen, seet de Claude Wiseler. Deen dem Minister an der Regierung och eng komplett Reorganisatioun bei deene Baute virschloe wëll, déi de Staat net selwer baut, mä subventionéiert. Et hätt net genuch Kontroll ginn, soudass Feeler virkomme konnten, fënnt den CSV-Deputéierten. An dat géif net nëmmen d'Santé, mä och d'Educatioun, wa se Privatschoule baut, d'Famill, den Interieur oder d'Ëmwelt betreffen. Et misst ee kucken, ob een zu enger gemeinsamer Konklusioun kënnt. Allzäit misst et jidderengem bewosst sinn, dass et e Problem gëtt, an et misst seriö no Léisunge gesicht ginn.
De Mars di Bartolomeo sot en Dënschdeg, dass d'Chamber an hirem Recht wär, fir e Suivi ze maachen an all de Beräicher, an deenen de Staat mat Subventiounen intervenéiert.
Ähnlech wéi se dat mécht bei den Travaux a bei de Bâtiments publics. Natierlech musse mer eis dann och d'Moyene ginn als Parlament fir dat kënnen duerchzezéien. An natierlech mussen déi eenzel Ministèren, déi op där enger Säit héich Subsiden bei Investitioune ginn, sech och d'Moyene ginn, fir entweder dat selwer oder mat anere Ministèren zesummen, déi dofir gerüst sinn, déi dote Kontroll ze maachen.
D'Parlament géif gréng Luucht gi, fir déi eenzel Budgeten a misst dann och responsabel si, fir ze kucken, wéi déi Budget genotzt a respektéiert ginn, esou den LSAP-Vertrieder.
De Sven Clement huet vu grondsätzlech gudde Propose vum Claude Wiseler geschwat. D'Chamber wär zum Beispill bei groussen Eisebunns- oder Stroossebauprojete vill méi agebonnen an d'Kontroll dovun.
Wärend mer beim Spidolsgesetz, wat vun 99 ass, also elo 20 Joer feiert, mer just eng Kéier e Gesetz gestëmmt hunn an an där Enveloppe nach ëmmer gewurschtelt gëtt, ouni dass mir wierklech wësse, wéi vill ass konkret ausgi ginn? Wéi vill ass nach do? A wien huet dat ausgi woufir? Dat heescht hei wär et definitiv néideg, dass mer méi Transparenz erakréien. Eng Transparenz net nëmme vis-à-vis vun der Chamber, déi eng Kontrollfunktioun huet, mä och vis-à-vis vun de Biergerinnen a Bierger, déi ganz gäre wësse wëlle wat mat hire Steiergelder geschitt.
Dem Deputéierte vun der Piratepartei no missten d'Deputéiert all Joer doriwwer informéiert ginn, wou ee mat Projeten drun ass a wat d'Pläng vun der Regierung sinn.