SandweilerOppositioun freet Referendum wéinst geplangtem Neibau vu Gemengenhaus

RTL Lëtzebuerg
Zu Sandweiler klëmmt d’politesch Oppositioun op d’Barrikaden, well d’CSV-Buergermeeschtesch Wëlles hätt, d’Gemengenhaus mat engem neie Gebai z'ersetzen.
© RTL

D’LSAP an d’DP Sandweiler wëllen eng Petitioun lancéieren, fir datt ee Referendum organiséiert gëtt. Hirer Meenung no ass d’Gemengenhaus zu Sandweiler nach ganz operationell.

„Nee zum Bau vun enger neier Konstruktioun aus reng perséinleche Grënn“, heescht et op hirem Flyer.

D’Oppositioun zu Sandweiler ass awer averstanen, fir eventuell Vergréisserungen a Verbesserungen vun der Isolatioun vum neie Gebai a plädéiert och fir Investissementer am sozialen, kulturellen a sportleche Beräich, mä awer och fir bezuelbare Wunnengsbau.

Back to Top
CIM LOGO