Place d'ArmesOp Feminiziden opmierksam maachen

Monica Camposeo
Op der Place d'Armes ass de Samschdeg de Mëtteg gedanzt a gesonge ginn. An dat fir op d'Feminiziden, also op d'Morden u Fraen, opmierksam ze maachen.
Op Feminiziden opmierksam maachen
Op der Place d'Armes ass de Samschdeg de Mëtteg gedanzt a gesonge ginn. An dat fir op d'Feminiziden, also op d'Morden u Fraen, opmierksam ze maachen.

D'Beweegung mat der Performance "Un violador en tu camino" huet am Chile virun 3 Méint ugefaangen a gëtt elo a villen anere Länner opgegraff. Och zu Lëtzebuerg wier a punkto Gewalt géint Fraen nach vill ze maachen.
De spueneschen Text ass fir d'Aktioun vun e Samschdeg och deelweis op Lëtzebuergesch iwwersat ginn. Nieft der Solidaritéit mat den chilenesche Frae stoung hei och d'Situatioun zu Lëtzebuerg am Virdergrond. An do ass virun allem ee Problem ervirgehuewe ginn. Zu Lëtzebuerg hätt een nämlech keng offiziell Zuele vu Feminiziden, esou d'Alexandra Duarte, eng Schülerin a Mat-Organisatrice.

D'Iwwersetzung vum Text ass dowéinst och un déi lëtzebuergesch Situatioun ugepasst ginn. Am Text heescht et, net nëmmen d'Täter wiere Schold, mä och déi, déi ewechkucken. Mat dran och de Fakt, dass een endlech Etüden an offiziell Zuele wëll gesinn.

Fir déi néideg Zuelen ze kréien, haten déi Lénk eng parlamentaresch Fro gestallt. Dorënner war och d'Fro, ob de Begrëff "Féminicide" unerkannt gëtt. Do hätt een eng enttäuschend Äntwert kritt an déi war "Nee". De Begrëff wier net derwäert, fir an de Code pénal opgeholl ze ginn, war en Deel vun der Äntwert, erkläert d'Line Wies vun déi Lénk.

Feminiziden hunn och ëmmer e sexisteschen an fraefeindlechen Hannergrond. Dowéinst wier et wichteg, dës Gewaltverbriechen am Kampf fir méi Fraerechter net aus den Aen ze verléieren. An dat geet virun allem, wa sech d'Fraen aus ville Länner zesummendinn, resuméiert eng Demonstrantin.

De 7. Mäerz gëtt d'Performance aus Chile um 15 Auer nach emol op der Place d'Armes opgefouert.

Back to Top
CIM LOGO