
De Service de déminage vun der Lëtzebuerger Arméi war op der Plaz an huet d'Granat an engem Feld gesprengt.
An deem Kader weist d'Police dorop hin, datt ee Munitioun, déi een esou fënnt, net upake soll. Dëst gëllt och wann een nëmmen mengt, datt et Munitioun kéint sinn. An deem Fall soll een direkt den 113 informéieren an, wa méiglech, op der Plaz bleiwe bis d'Police oder d'Experte vun der Arméi agetraff sinn.