
Op der Aire de Capellen haten an der Nuecht géint 2.20 Auer zwee rumänesch Staatsbierger probéiert, mat falsche Suen ze bezuelen. Si haten eng grouss Quantitéit un Zigaretten bestallt. Tëscht e puer richtege Schäiner goufen och zwee falsch 50er fonnt. D'Sue goufen saiséiert an d'Täter kruten e Protokoll.
Ronn eng Stonn méi fréi hunn d'Polizisten op enger Bensinsstatioun zu Rodange fënnef Leit ugetraff, déi staark alkoholiséiert an engem Auto souzen. Déi fënnef Männer krute wéinst em Verstouss géint Covidreegelen e Protokoll an de Chauffer vum Auto huet donieft och säi Permis missten ofginn.
Dann huet d'Police nach weider Permisen agezunn. Dat zu Ettelbréck zu Kauneref, wou alkoholiséiert Chaufferen en Accident provozéiert haten. Zu Wuermer war de Beamten e Chauffer opgefall, dee säi Gefier komesch gesteiert hat an zu Esch/Uelzecht war en alkoholiséierte Chauffer de falsch Wee an engem Sens unique ënnerwee.
Zu Gréiwemaacher da war schonn an der Nuecht op e Freideg en Onbekannten an e Keller an "Op der Heckmill" agebrach. Hien hat d'Raim vum Keller duerchwullt an ënner anerem 3 Pizzae geklaut.