Op Basis vun enger Reform, déi zejoert gestëmmt gouf, soll de Regëster net just Donnée sammelen, mä och de Suivi maachen, d‘Kontroll assuréieren an deemno wéi sanktionéieren. An deem Sënn krut den LBR elo nei Moyene fir sécherzestellen, datt d‘Entreprisen hiren Obligatiounen och nokommen. An enger éischter Phas läit de Fokus op der Preventioun, zum Beispill mat enger Sensibiliséierungscampagne. Dono gi Conclusioune gezunn. An enger zweeter Phas kéinten dann eventuell Sanktioune spillen, am Fall wou Entitéiten net konform sinn.
D‘Justizministesch Elisabeth Margue an déi Responsabel vum LBR hunn dat annoncéiert.