Politmonitor (Deel 2)Ongerechtegkeetsgefill klëmmt, gréisste Suerg ass Zougank zum Logement

RTL Lëtzebuerg
51% vu Befrote mengen, d’Gesellschaft wier ongerecht oder souguer ganz ongerecht. 44% fanne se gerecht. Déi gréisst Suerg ass den Zougank zum Logement.
Politmonitor Deel 2
Ongerechtegkeetsgefill klëmmt, gréisste Suerg ass Zougank zum Logement

Eng Majoritéit vun de Leit fënnt, d‘Lëtzebuerger Gesellschaft wier ongerecht. Dat geet aus dem zweeten Deel vum TNS Ilres Politmonitor fir d’Wort an RTL ervir.

Der Ëmfro no fannen 42 Prozent vun de Leit, et géing alles an allem gerecht zougoen an 2 Prozent mengen, et wier ganz gerecht. Par konter fannen 41 Prozent vun de Befroten, et géing ongerecht zougoen a souguer 10 Prozent ganz ongerecht. D’lescht Joer waren et nach 7 Prozent. „En traurege Constat“, fënnt den Tommy Klein vun der TNS Ilres. Hie verweist awer op d’Ënnerscheeder jee no Profil. Et sinn haaptsächlech Fraen, eeler Leit a Leit mat méi niddregem Akommes, déi e Gefill vun Ongerechtegkeet hunn. Déi Jonk wiere manner pessimistesch.

Suergen

Am meeschte Suerge maache sech déi Befroten iwwert den Zougang zu bezuelbare Wunnengen, den Zouwuess vum Trafic, d’Zukunftschancë vun de Kanner, d’Folge vum Klimawandel an de Verloscht vun der Lëtzebuerger Sprooch. Allgemeng gëtt sech éischter eng Politik gewënscht, „wou ee mat Reglementer, Gesetzer a Sanktioune virgeet“, amplaz vun enger Politiker „déi de fräie Choix léisst an iwwer Ureizer d’Leit motivéiert“. D’Tendenz wier awer net ganz kloer an ëmmerhi wier déi Fro „immens komplizéiert, well ee sech muss op verschiddene Sujeten allgemeng fir eng Politik entscheeden“, nuancéiert den Tommy Klein.

Bewäertung vun der Politik

Wéi gëtt d’Aarbecht vun der Politik bewäert? Par Rapport zu virun de Wale ginn d’Befroten der Regierung, der Oppositioun an de Parteien eng méi schlecht Nott, ausser der DP. Op enger Leeder vu 5 bis Minus 5 gewannen déi Liberal 0,1 Punkt fir op 1,1 ze kommen. Mat 1,3 Punkte läit d’Regierung op éischter Plaz. Lescht ass d’ADR mat op Minus 0,7.

Informatiounen iwwert d’Method an de Questionnaire fënnt een och op www.alia.lu

PDF: Politimonitor - Methodologie

Back to Top
CIM LOGO