Accord ënnerschriwwenOGBL an APPJ schaffen an Zukunft zesummen

RTL Lëtzebuerg
D'Gewerkschaft OGBL an d'Associatioun vum Personal vun der Police Judiciare APPJ schaffen an Zukunft zesummen.

En entspriechenden Accord gouf e Méindeg ënnerschriwwen.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond ënnerstëtzt d'Uleie vun der APPJ. Am Géigenzuch ginn d'Membere vun där Associatioun gebieden, fir sech beim OGBL ze affiliéieren.

Rezent hat de gréisste Lëtzebuerger Syndikat en änlechen Accord mat der Associatioun ADESP ënnerschriwwen, déi d'Interesse vun de Poliziste mat Secondairesofschloss vertrëtt

PDF: Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO