Verméigenssteier?Ofso vum Premier Xavier Bettel

RTL Lëtzebuerg
Fir d'éischte Kéier zanter der Sortie vum CSV-President Frank Engel iwwert d'Besteierung vu grousse Verméigen, huet sech de Premier zu Wuert gemellt.
© AFP Archivbild

An et ass eng kloer Ofso. An engem Interview mam "Wort" seet de Xavier Bettel, Ierfschaftssteier a Verméigenssteiere "stinn net am Koalitiounsprogramm an ech hunn net vir, se anzeféieren". Hie wier sech bewosst, datt d'Corona-Kris och net am Koalitiounsaccord steet, mä elo Steieren an d'Luucht setzen, wier Gëft fir d'Leit a fir d'Ekonomie, sou de Xavier Bettel.

De Premier widderhëlt also just d'Positioun vun der DP, déi d'Députéiert Carole Hartmann d'lescht Woch am Kloertextop der Télé ausgedréckt hat.

Am Virfeld vum CSV-Nationalcomité: Kee Showdown en vue
Wéi finanzéiere mer d’Kris? - D'Reaktioune vun den anere Parteien
Steiergerechtegkeet: Mëssbrauch vu Fongen, fir steierfräi um Immobiliemarché ze spekuléieren
Franz Fayot: Verméigenssteier méiglecherweis méi sënnvoll wéi eng Ierfschaftssteier
Finanz- a Budgetskommissioun: Minister kéint déi nächst Deeg Pläng fir d’Stock-Options an d’FIS presentéieren
Tëscheruff vum François Aulner: Dee wichtegsten Debat zu Lëtzebuerg
Commentaire vum Annick Goerens: Sträit-Kultur zu Lëtzebuerg: Et feelt u politeschem Courage

Back to Top
CIM LOGO