GreenpeaceOch Lëtzebuerg gefuerdert, fir déi natierlech Landflächen ze protegéieren

RTL Lëtzebuerg
De Weltklimarot huet an engem rezente Rapport drop higewisen, datt eise Buedem esou misst ugepasst ginn dat en de Klimawandel iwwersteet.
© Pierre Weimerskirch
Conclusioune vu Greenpeace an dem Weltklimarot
Och Lëtzebuerg ass gefuerdert, fir déi natierlech Landflächen ze protegéieren.

Déi natierlech Landfläche sinn am Gaang, weltwäit ze verschwannen. De Weltklimarot huet an engem rezente Rapport drop higewisen, dass eise Buedem esou misst ugepasst ginn, datt en de Klimawandel iwwersteet.

De fruchtbare Buedem an déi biologesch Diversitéit missten nohalteg geséchert ginn an dat och zu Lëtzebuerg, esou d’Ëmweltorganisatioun Greenpeace.De Weltklimarot warnt ënnert anerem am Kontext vum Klimawandel virum weidere Verloscht vun natierleche Landflächen an eiser Liewensgrondlag. D’Ausweise vun Naturschutzgebidder a Renaturéierunge wier eng Méiglechkeet.

E Kärmessage aus dem Rapport vum Weltklimarot ass deen, dass déi weltwäit Landnotzung muss ugepasst ginn. Virop mussen d’Bëscher erhale ginn an d’Landwirtschaft sech upassen: Fir den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg, Raymond Aendekerk, misst et zu engem Paradigmewiessel an der Agrikultur kommen.

VIDEO: De Raymond Aendekerk
Direkter vu Greenpeace

Back to Top
CIM LOGO