Wärend Joerzéngten ass de gebiertegen Hollänner am Horesca-Secteur aktiv. Sou eng komplizéiert an ugespaante Situatioun ewéi déi aktuell, ausgeléist duerch de Covid-19, huet de Mann awer bis ewell nach keng erlieft. Vun den 10 Mann Personal schaffen der aktuell nach 3.
Zanter ugangs der Woch proposéiert de Sebastiaan en "Take Away". Iwwer d'Mëttesstonn an owes tëscht hallwer 6 an hallwer 9 kann een iwwer Telefon bestellen oder einfach laanscht gefuer kommen. Op des Manéier hätt een eppes ze dinn an et kéimen e puer Suen an d'Kees. Bis Enn Januar bléift de ganze Secteur zou. D'Onzefriddenheet ass grouss.
D'Moral vum Personal an dësem Secteur wär um Buedem. Déi versprachen Aiden vum Staat kéimen ze spéit. Den 1. Februar missten d'Betriber aus dem Secteur hir Dieren nees kënne fir d'Clienten opmaachen. Et wär een dohier och bereet, méi Moyenen an d'Sécherheetsmesuren ze stiechen.
De Sebastiaan Veldkamp an all déi aner aus dem Horesca-Secteur wäre frou, ugangs nächste Mount gréng Luucht vun der Regierung ze kréien.
