
Alles an allem sinn dëst 5 Hoteller, déi ewell fonctionnéieren.
Dobäi annoncéiert de Grupp de Kaf vu grousse Büro-Räimlechkeeten um Kierchbierg, woubäi ee Gebai vun engen 10.000 Meter-Carré wäert d'nächst Joer fäerdeg ginn.
Dat selwecht Joer gëtt och den neien Hotel vun der Chaîne "Mama Shelter" fäerdeg, deen 145 Zëmmere wäert zielen.
Dës béid Gebailechkeete sinn an der Rue du Fort Niedergrünewald situéiert a maache fir sech eleng en Investissement vun enge 70 Milliounen Euro aus.
Batipart ass och ewell Proprietär vun engem 14.000 Meter-Carré grousse Gebai um Kierchbierg, dat un d'Europäesch Investissementsbank an d'Bank Pictet verlount ass.
Mat der Acquisitioun vun den Hoteller mécht den Investment-Grupp Batipart eegenen Aussoen no, e "strategeschen" Invest, sou datt dem Grupp eng 1.000 Hotelszëmmeren wäerte gehéieren, déi 1/5el vun der Hotel-Capacitéit um Stadgebitt ausmaachen.
Den Invest geschitt zesumme mat der Spuerkeess, der Banque de Luxembourg a BGL BNP Paribas.
Net nëmmen an Europa an hei am Land ass Batipart am Hotelssecteur aktiv: via d'Chaîne Onomo gehéieren der Holding mat Sëtz zu Lëtzebuerg och eng Dosen Hoteller an 9 afrikanesche Länner.
Batipart gouf virun 30 Joer vum Charles Ruggieri gegrënnt - dëse Mann gëllt als dee Räichsten aus der Lorraine.
Wat d'Fortune vum Fils vun enger immigréierter Famill aus Italien ugeet, sou rangéiert de Charles Ruggieri op der Plaz 94 vun de räichste Männer aus dem Hexagon.