Affär Refus vun ZeienaussoNotär kritt um Cassatiounsgeriicht Recht

RTL Lëtzebuerg
Et kënnt net dacks vir - an awer geschitt et mol -, dass een op der Cour de Cassation Recht kritt.

Sou ass et engem Notär aus dem Zentrum vum Land ergaangen, deen am August zejoert d'Cassatioun saiséiert hat. D'Cour de Cassation huet nämlech en Uerteel vun der Chambre du Conseil vun der Cour d’appel vu Juli zejoert annuléiert. D'Affär muss zréck an d'Chambre du Conseil, an anerer Zesummesetzung, an de Staat fir d'Fraise vun der Cassatioun opkommen.

Cassatioun Notär/Reportage Eric Ewald

D'Chambre du Conseil vun der Cour d’appel hat eng Geldstrof géint den Notär confirméiert, well dee refuséiert hat, an engem Prozess als Zeien auszesoen

Hien hat sech dofir op säi Beruffsgeheimnis gestäipt. D'Chambre du Conseil hat festgehalen, dass den Notär sech net dorop beruffe kéint, mä begrënne misst, firwat seng Aussoen dat Geheimnis affektéiere kéinten. De Mann hätt mat sengem Refus, fir auszesoen, géint d'Bestëmmunge vum Artikel 23, Paragraf 2, vum Code de procédure pénale verstouss. Deen Artikel seet, dass Leit, déi am ëffentlechen Déngscht schaffen a Faite matkréien, déi e Verbriechen oder en Delikt duerstelle kéinten, de Procureur d'État doriwwer informéiere mussen, onofhängeg vun all Vertraulechkeets- oder Beruffsgeheimnisregel. Den Notär war an deem spezifesche Fall mat der Liquidatioun an dem Deele vun enger Ierwegemeinschaft befaasst; am Verlaf dovun hätt hien Informatiounen zougedroe kritt a wär bei Gespréicher tëscht Parteien dobäi gewiescht. Den Notär wär dozou ugehale gewiescht, enk mat den Autoritéiten zesummen ze schaffen an all d'Renseignementer weiderzeginn, vun deenen hie wéisst. Hien hätt eben, andeems hie wéinst sengem Beruffsgeheimnis net ausgesot hätt, géint d'Bestëmmunge vun deem Artikel vum Code de procédure pénale verstouss an dofir zu Recht eng Geldstrof kritt. D'Cassatiounsriichter halen an hirem Uerteel fest, dass den Notär net verflicht wär, virum Untersuchungsriichter auszesoen. Am Artikel 23, Paragraf 2, vum Code de procédure pénale wär eng Zesummenaarbecht mam Procureur d'État virgeschriwwen, net awer mam Untersuchungsriichter. D'Appelriichter hätten, wéi si d'Geldstrof géint den Notär confirméiert hunn, géint déi Bestëmmung verstouss, soudass d'Uerteel géint de Mann ze casséiere wär.

Back to Top
CIM LOGO