
Den Zëmmerbrand an der Rue Laurent Menager, dee géint 9 Auer gemellt gouf, war séier geläscht an et war kengem eppes geschitt. Ma géint Mëtteg hunn d'Awunner misse feststellen, datt hir Wunneng duerchsicht gouf a Bijoue gefeelt hunn. Eventuell Zeie solle sech bei der Stater Police um 244 40 4100 mellen.
Da mellt d'Police nach weider Abréch, dat zu Heeschdref an der Rue Maria Teresa, zu Fenteng an der Rue Beau Site, zu Stroossen an der Rue du Kiem, um Lampertsbierg um Boulevard Dr. Ernest Feltgen an an der Rue des Sept Arpents an der Stad.