Bilan Teletravail (2)Nieft ville Virdeeler bréngt den Home Office och Desavantagë mat sech

RTL Lëtzebuerg
Bleift den Teletravail eis och nom Coronavirus nach erhalen? Dës Fro stellt sech dës Lescht ëmmer méi heefeg.
© AFP

Méi Flexibilitéit, eng besser Work-life-balance a manner Stau: Nieft dësen Avantagë gëtt et awer och Desavantagen. D'Nadine Kremer huet mat zwou Entreprisen iwwert hir Meenung zum Teletravail geschwat.

D’Pandemie huet eis den Teletravail quasi opgezwongen. D'Entreprisen hu sech mol méi, mol manner séier ugepasst. Et gëtt kee Standardmodell, all Betrib mécht, wei et am beschte passt. De Vincent Pedrini ass Matbegrënner vun enger Startup an erkläert d'Schwieregkeeten dobäi:

24/08/2020 BAND Teletravail Deel 2 7h30 -Kremer-

Vincent Pedrini: "Teletravail heescht och, dass d'Leit doheem mussen e Setup hunn, fir kënnen ze schaffen. Well wanns de dann deng Kanner doheem hues oder en Hond, dann hues de Leit, déi laanschtkommen. Dann hues de ganz schnell eng Distraktioun. Fir d'Leit, déi kee Setup doheem hunn, ass et ganz schwiereg, fir den Teletravail produktiv ze maachen."

Dofir ënnersträicht hie virun allem den Ekippe-Geescht. Den Employée muss sech kënne mat senger Aarbecht identifizéieren. Nëmme wou Vertrauen an der Ekipp wier, kéint och gutt geschafft ginn.

"Fir déi Generatioun, déi elo ufänkt mat schaffen, ass et och ganz schwiereg. Op eemol am Teletravail, keng Guidelines, wann s de net kanns indirekt mat Leit schwätzen. D'Leit kënnen sech amfong net, si léiere sech iwwert eng Webcam kennen."

Vill Entreprisë kënne sech virstellen, en hybride Modell bäizebehalen. D'Employéë wiere méi flexibel a géife puer Deeg Teletravail an der Woch oder am Joer maachen. Eng aner Optioun wieren dezentraliséiert Modeller, wou auslännesch Employéeën net méi mussen op Lëtzebuerg plënneren.

Talenter vläicht, déi missten dann net méi op Lëtzebuerg kommen. Et seet een, ech hunn elo ee ganz gudden zu Berlin, dee kann da vun do aus schaffen, wann dat fir dee Job funktionéiert. Vläicht wier de Modell, dass mer vill méi dezentraliséiert misste schaffen, sou de Startup-Grënner.

De Benoit Dourte, Direkter vun de Ressources humaines beim Foyer, verharmloost d'Problemer awer och net:

Benoit Dourte "Le Luxembourg est un petit pays. On fait 15 km on trouve un certain nombre de frontières. Donc il faudra évidemment, pour qu'on développe d'avantage le télétravail qu'il y ait des accords au niveau de la sécurité sociale et/ou au niveau de l'imposition."

Lëtzebuerg wier ee klengt Land. Et misst ee 15 Kilometer fueren, fir un eng Grenz ze kommen, an dofir misst den Teletravail och developpéiert ginn. Do missten dann Accorde fonnt gi bei der Securité sociale a bei de Steieren.

Den 31. August lafen d'Ausnamereegelunge mat den Nopeschlänner aus. Verhandlunge fir eng Verlängerung vun der Reegelung lafen den Ament, esou heescht et aus dem Finanzministère.

LINK: Bilan Teletravail (1): En Trend, deen och no der Pandemie wäert erhale bleiwen

Back to Top
CIM LOGO