
Et hätt sech erginn, dass sech net all d‘Deputéiert un den internen Deontologie-Kodex géifen halen, a verschidden Nieweverdéngschter net an hirer obligatorescher "Déclaration d'intérêts financiers" uginn. Beispiller dofir géif et queesch duerch all d’Parteien ginn.
Am Artikel ass ze liesen, dass et fir verschidde Parlamentarier ënnerschiddlech Ausleeunge géif ginn, wat een dann elo misst uginn, a wat net.
Wéi schonn 2018, gehéieren déi 3 CSV-Deputéiert Gloden, Wolter a Mosar zu deene Leit an der Chamber, déi am meeschten niewelaanscht verdéngen. Dermadder verstousse si awer net géint den Deontologie-Kodex.