WunnengsmarchéNeit Gesetz soll Subventioune vu soziale Wunnenge besser reegelen

RTL Lëtzebuerg
Wien haut Wunnenge baut a se zu abordabele Präisser verlount, kann deelweis bis zu 75 Prozent vun de Käschten dofir vum Staat erëmkréien.
© RTL Archiv

D'Gesetz, dat d'Subventioune vu sozialem Wunnengsbau reegelt, soll elo reforméiert ginn. D'Logementsministesch Sam Tanson war dofir gëschter Mëtteg an der zoustänneger Chamberskommissioun fir iwwert méiglech Pisten ze diskutéieren. Alles an allem soll de Kader fir dës Subventiounen harmoniséiert ginn.

Bis ewell wier et nämlech esou, dass verschidden Acteure Konventioune mat ganz ënnerschiddleche Konditiounen hätten. Zum Beispill kréien de Fonds du Logement an SNHBM 70 Prozent vun de Käschte fir den Terrain an de Bau subventionéiert, fir ASBL'en sinn et scho 75 Prozent a fir privat Acteuren nëmme maximal 50 Prozent fir d'Konstruktioun. Och d'Loyere géifen ënnerschiddlech gerechent ginn.

Ma well ëmmer méi Demanden erakéimen an de Ministère och gären hätt, dass ëmmer méi Acteure matmaachen, soll elo e Gesamtkader gesat ginn, esou d'Ministesch. Déi eenzel Parameteren, wéi de Präis vum Loyer oder d'Dauer vun der Konventioun, sollen dann an deem Kader kënnen un d'Besoine vun den Investisseuren ugepasst ginn.

D'Sam Tanson iwwert de Wunnengsmarché zu Lëtzebuerg

Fir dee Kader auszeschaffen hat sech d'Ministesch zwee Joer Zäit ginn. Zil ass et, dass dës Reform zu méi Transparenz féiert an um Enn och all Acteur weess, wou en drun ass.

Back to Top
CIM LOGO