
Déi zoustänneg Ministesch Paulette Lenert sot, datt de Schwéierpunkten op der Liewensmëttelsécherheet soll leien. D’Kompetenzen sollen konzentréiert ginn, an Zukunft soll eng Administration unique sech ëm all d'Kontrollen këmmeren, déi mat der Securité alimentaire zesummenhänken. Dësen Gesetzesprojet war e Mëttwoch de Moien Thema am Regierungsrot.
Do dernieft soll d'Méiglechkeet vun der sougenannter Sammelklo agefouert ginn, seet d‘ Ministesch fir de Konsumenteschutz Paulette Lenert.
Lëtzebuerg wier nach eent vu just 8 europäeschen Länner, wou esou eng Sammelklo aktuell net méiglech ass. Dat neit Gesetz soll dat elo änneren.