ArchitekturNeie Master op der Uni.lu: 8 Studente maachen hiren Ofschloss

RTL Lëtzebuerg
8 Studenten hunn Ufank der Woch hir Ofschlossaarbechte vum Master an der Architektur vun der Uni Lëtzebuerg presentéiert.
VIDEO: Architektur: Neie Master op der Uni.lu
8 Studenten hunn Ufank der Woch hir Ofschlossaarbechte vum Master an der Architektur vun der Uni Lëtzebuerg presentéiert.

Si sinn déi éischt Studente vum neien Masterofschloss, deen zanter 2017 hei am Land ugebuede gëtt. Hir Recherche, Aarbechten an d’Resultater dovun goufen dem Ordre des Architectes et des ingenieurs, kuerz OAI, presentéiert.

Master an der Architektur / Reportage Claudia Kollwelter

Fir hir Ofschlossaarbechte sollte sech d’Studente vum nach ganz jonke Master Gedanke maachen iwwert e Projet, deen am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 déngen kéint. Wärend 3 Méint hunn d’Studenten hir Recherche gemaach, Pläng gezeechent, Maquette gebaut a sou weider. D’Carole Schmit, Architektin a Professorin erkläert:

Mir hu mat hinnen op verschidden Maasstäb geschafft, grouss, urbanistesch an am urban Design an an der Architektur. An dëse Projet ass „research-based“, dat heescht, se hu sech fir d‘éischt vill mam Terrain auserneegesat, d’Geschicht nogesicht, de Kontext versicht ze verstoen an dann hir Responsabilitéit als Architekt ze huelen, fir eng pertinent Propositioun ze maachen.

Nieft den éischte Studenten, déi hire Master an der Architektur ofgeschloss hunn, huet den OAI och 3 diploméiert Bauingenieure mat engem Präis ausgezeechent. Dee Master gouf viru 4 Joer hei zu Lëtzebuerg fir d'éischt ugebueden. D'Danièle Waldmann, Directrice d'études vum Master en Génie civil:

Déi Aarbechten, déi mir an eise Masterthesen maachen, si ganz dacks zesumme mat engem Bureau d'études oder mat der Industrie op där enger Säit, an awer och op där aner Säit banne mer eis Studenten an a Fuerschungsprojeten, wou se dann Doktorsaarbechte mat hirer Masterthesis och begleeden.

Nieft Lëtzebuerger Studenten ass d'Interessi u béide Masteren och bei auslännesche Studenten.

Back to Top
CIM LOGO