House of Biohealth zu EschNeie Bioinkubator an d'Roll vun de Betriber an der Pandemie

RTL Lëtzebuerg
De Kompetenzzentrum bitt Entreprisen a Start-ups aus dem Beräich Biomedezin Raimlechkeete fir hir Fuerschung an Entwécklung.
House of Biohealth
De Kompetenzzentrum bitt Entreprisen an Start-ups aus dem Beräich Biomedezin Raimlechkeete fir hir Fuerschung an Entwécklung.

Den Donneschden hunn ënnert anerem de Wirtschaftsminister Franz Fayot an de Buergermeeschter vun Esch Georges Mischo sech mam Jean-Paul Scheuren,  Verwalter vum House of Biohealth, getraff. Et goung ëm en neien Bioinkubator an de Rôle vun dësen Entreprisen an der Pandemie

D’House of Biohealth ass en Zentrum, wou souwuel privat wéi och ëffentlech Entreprisen aus der Biomedezin zesummentreffen a schaffen. D’Infrastruktur bitt 9.500 Metercarré Laboratoiren a weider 7.800 Metercarré Bürosraimlechkeeten. Ganzer 450 Leit mat 100 verschidden Nationalitéite schaffen am House of Biohealth.

 Jean-Marc Scheuren: "Mir hunn eng zéng Betriber, déi haut hei aktiv sinn a gréisser Betriber. Mir hunn eng 6 Start-uppen, déi profitéiere vun de Strukturen, déi mir haut schonn ubidden. Mir hoffen natierlech, dass mir nach méi kréien. Den Taux d’Occupation, dee läit ongeféier bei 95% a mir hoffen, dass mir am drëtte Gebai genau sou kënne weider fueren.”  

Seng Dieren opmaachen soll dat drëtt Gebai dësen Summer. Schonn ee Véierel vun den neie Kapazitéiten si verginn.

Ganz nei ass och elo den éischte Bioinkubator, also en internen Espace, wou jonk an innovativ Start-uppen op 350 Metercarré fuerschen an entwéckele kënnen. Bis zu 3 Joer kënnen déi jonk Entrepreneure Laboen an Büroen hei notzen, fir hire Betrib ze lancéieren.

Franz Fayot: “Deen Inkubator, dee gëtt geréiert vun engem Konsortium, deen nach ausgeschriwwe gëtt, ass elo vum FNR zesumme mam Ministere. Dat heescht, dass déi Betriber, déi heihinner kommen, net just e Laboratoire hunn an e Büro, mee och en Encadrement kréien, Conseil kréien, Betreiung fir Aktivitéite wierklech richteg kënnen ze lancéieren.” 

Den neien Bioinkubator riicht sech besonnesch u Leit, déi frech vun der Uni kommen an Ënnerstëtzung brauchen.

Eng vun den Entreprisen, déi een am House of Biohealth fënnt, ass d’Fast Track Diagnostic vun der Siemens Healthineers Company. Si hunn ënnert anerem PCR-Tester entwéckelt a produzéiert, déi am Large Scale Testing benotzt ginn, fir eng méiglech Infektioun mam Covid-19 erauszefannen.

Alexander Soccarras“This was a test that we developed very quickly in record time last year in 4 months. These tests typically take years to develop and we have done it here. And at the heart of this facility is where we both develop and manufacture these tests for the world. So, we are very proud to be a part of the Luxemburg establishment”  

De Kompetenzzentrum géif Innovatioune vun den ënnerschiddleche Betriber zesummebréngen a sou nei Entwécklunge fërderen.  De ganze Projet House of Biohealth kascht ronn 60 Milliounen Euro an gëtt komplett vu private Investisseuren finanzéiert.

Back to Top
CIM LOGO