An déi se am Alldag deels uerg beanträchtegen.
E Freideg huet d'Regierung e Pilot-Projet guttgeheescht fir d'Prise en charge vu Long Covid-Patienten. Dës ass komplex, bis ewell gëtt et wéineg Hannergrondwëssen an Traitementer. De Max-Planck-Institut zu Erlangen an Däitschland huet awer elo méiglecherweis weider Erkenntnisser, déi Wëssenschaftler weltwäit kéinten op d'Pist bréngen, fir de Concernéierten ze hëllefen.
Eng Explikatioun läit méiglecherweis an de Bluttzellen.
Bei enger Covid-19-Infektioun ass dacks grad d’Bluttzirkulatioun schlecht. D’Bluttzelle komme net méi normal duerch d’Longen oder duerch aner Organer. A no der wierklecher Krankheet gouf festgestallt, dass sech déi Eegenschaft bei ville Patiente net erëm normaliséiert.
An enger sophistiquéierter Cytometrie hunn d’Wëssenschaftler 1.000 Bluttzellen d’Sekonn bei Patienten iwwerpréift. Resultat: déi rout Bluttkierperche vun Infizéierten si komplett ënnerschiddlech vun deene vu gesonde Persounen, déi ni infizéiert waren. A genee där Erkenntnis läit ënner Ëmstänn de Schlëssel fir d’Entwécklung vun engem Medikament.
Déi Cytometrie, déi et erlaabt, Deformatioune vu Bluttkierperche an Echtzäit ze detektéieren, wier an Zukunft ënner Ëmstänn als Fréiwarnsystem och bei ganz anere Virussen oder Krankheeten anzesetzen.
