Tëscht der Hëttermillen a StadbriedemesMotorradsfuererin no Accident a Liewensgefor, Police sicht no Zeien

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg koum et géint 16.50 Auer op der Route du Vin tëscht der Hëttermillen a Stadbriedemes zu engem uergen Accident.
© Domingos Oliveira / RTL

Eng Motorradsfuererin, déi aus Richtung vun der Hëttermille komm ass, an een Automobilist, deen aus der entgéintgesater Richtung komm ass, sinn aneneegerannt. D'Fra um Motorrad gouf beim Accident ganz uerg blesséiert a befënnt sech an engem kriteschen Zoustand. De Chauffeur vum Auto a säi Bäifuerer goufen net blesséiert. Am Asaz war d'Ambulanz vu Réimech, de Samu aus der Stad, grad ewéi d'Pompjeeë vu Réimech a Kanech.
Op der Plaz war och de Miess- an Erkennungsdéngscht.

Persounen, déi Informatiounen zum Accident kënne ginn, solle sech bei der Police Museldall mellen. Dat entweder ënnert der Telefonsnummer: (+352)244701000 oder per Email: police.museldall@police.etat.lu.

© Domingos Oliveira / RTL

Um Sonndeg huet d'Police nach ee weideren Zeienopruff lancéiert, dat no engem Bëschbrand an der Géigend vu Beefort.

Weider Asätz vum CGDIS

2 Blesséierter gouf et e Sonndeg den Owend géint 20.30 Auer zu Keel an der rue de la Montée, wéi 2 Autoen net laanschtenee komm sinn. D'Ambulanze vu Keel an Diddeleng waren op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Keel.

Eng Persoun huet wéinst enger liichter Dampvergëftung musse behandelt ginn, no engem Brand op der N10 tëscht Méischdref a Waasserbëlleg. Hei hat en Gaardenhaischen/e Chalet Feier gefaangen. D'Pompjeeë vu Mompech, Gréiwemaacher-Mäertert, Rouspert an Uesweller waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanze vun Iechternach a Mäertert.

Back to Top
CIM LOGO