
Et hätt kee Blesséierte ginn, steet am Bulletin vum CGDIS. Wéi d'Police um Méindeg de Moie mellt, war et Motorrad, wat um -1 vum Parking gebrannt hat.
D’Escher Pompjeeë goufen vun hire Kolleegen vun Schëffleng, Suessem-Déifferdeng, Monnerech, a vun Diddeleng ënnerstëtzt.
En Accident gouf et um Sonndeg den Owend géint 18.45 Auer op der A13 a Richtung Schengen tëscht Schëffleng a Keel. Dobäi huet en Automobilist sech mat sengem Gefier iwwerschloen. 2 Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanze vun Diddeleng an Esch, grad ewéi d'Pompjeeë vun Esch, Diddeleng, Schëffleng a Keel.