
Éischten Informatiounen no ass e Motosfuerer an engem Grupp vun am ganze 7 Motosfuerer säitlech an ee Motocyclist gerannt a kuerz drop géint e Bam gestouss.
De Mann vu 64 Joer aus Holland gouf uerg blesséiert an ass nach op der Plaz vum Accident gestuerwen. Deen anere Motosfuerer war och gefall, ma gouf net blesséiert.
De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Kriminalpolice mat den Ermëttlunge vum Accident beoptraagt an och eng Autopsie vum verstuerwene Motosfuerer ugefrot.