
D'Ambulanz vu Réimech, de Stater Samu an d'Pompjeeë vu Munneref a Schengen waren op der Plaz.
1 liicht Blesséierte gouf et géint 17 Auer wéi am Houwalder Tunnel op der A1 zwee Autoen anenee gerannt waren. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren op d'Plaz geruff ginn.
Géint 18.45 Auer hat et op der A3 tëscht Léiweng an der Stad gerabbelt. Och hei waren 2 Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt. De Stater Samu, d'Ambulanz vu Beetebuerg an d'Pompjeeë Réiserbann waren am Asaz.
Kuerz virun 23 Auer ass dunn nach e Motocyclist tëscht Reckeng op der Mess a Lampech gefall. E gouf liicht verwonnt. D'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng huet sech ëm de Blesséierte gekëmmert an d'Pompjeeë vu Monnerech hunn d'Onglécksplaz ofgeséchert.
E Freideg de Moie géint 9.15 Auer gouf zu Märel an der rue Louix XIV e Foussgänger ugestouss. D'Rettungsservicer aus der Stad waren op der Plaz (Pompjeeën, Samu an Ambulanz).