
Dës Isolatioun huet vill Ursaachen: de Réckgang u soziale Kontakter, gesondheetlech Problemer, oder Schwieregkeete mat der Mobilitéit.
Dofir ass besonnesch haut den Opruff no den eelere Mënschen a sengem Ëmfeld ze kucken.
De 16. November gëtt am Kulturzenter zu Bouneweg och e Mëtteg vum RBS-Zënter fir Altersfroen, der Stad Lëtzebuerg an dem Ministère organiséiert, fir nei Bekanntschaften ze maachen, mat deenen ee sech iwwert Hobbyen an Interessien auszetausche kann.
Iwwer 120.000 Seniore liewen am Grand-Duché – deen eelsten dovun huet 111 Joer. Et ginn den Ament 19 Clibb fir Senioren zu Lëtzebuerg.
En Dënschdeg de Moien hat den Dan Spogen d'Madame Marie-Louise Müller-Verplancken am Interview. Si kritt am Hierscht hir 91 Joer.

RTL NEWS: Iwwer 120.000 Seniore liewen am Grand-Duché, den eelsten dovun huet 111 Joer