Mega-Projet Elmen zu KielenMëtt vum nächste Joer sollen déi éischt Leit hir nei Wunneng kënne kréien

RTL Lëtzebuerg
Eng 750 Logementer, also Haiser an Appartementer, solle jo am Ganzen do entstoen. Och eng Schoul mat 23 Klassen ass virgesinn, mä déi kritt scho Retard.
© Médiathèque Commune de Kehlen – Raymond Faber

Dat kruten d’Kolleege vun RTL 5minutes vum Kielener Buergermeeschter Félix Eischen, wéi och vun der SNHBM confirméiert. Et hätt Retarde ginn duerch Autorisatiounen an der Commodo-Incommodo-Prozedur.

Fréistens am September, also nom Kollektiv-Congé, kéint mat den Terrassementsaarbechten ugefaange ginn. E Méindeg soll et wéinst deem Chantier dann och eng Reunioun ginn.

Detailer fannt Dir op 5minutes.lu.

Back to Top
CIM LOGO