Alerte jauneMeteolux warnt virun Äisreen/Glëtz um Freideg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 8 an 12 Auer ass mat gefréierendem Reen ze rechnen, virun allem am Norde vum Land. Dofir huet Meteloux eng Alerte jaune erausginn.
© RTL-Archiv

Nodeems de Buedem plazeweis duerch d'Minustemperature gefruer ass, riskéiert de Reen, deen an de Moiesstonnen erofkomme soll, um Buedem ze fréieren. Et heescht also oppassen op de Stroossen!

Kachelmann-Wetter huet kuerz no 7 Auer gemellt, dass an den Ardennen scho Glëtz gefall ass.

Meteo op RTL.lu

Back to Top
CIM LOGO