
Wou kommen eis Familljennimm hier? Mat där Fro beschäftegt sech de Jean‑Claude Muller an engem neie Buch, dat Ufank 2026 erauskomm ass. Op iwwer 1.200 Säiten erkläert hien d'Geschicht an d'Entwécklung vun de Lëtzebuerger Nimm, mat 175 Kapitelen a ville Statistiken aus de Vollekszielunge vun 1880 bis 1980.
Vill Nimm ginn op fréier Beruffer zeréck oder op Virnimm, wéi Petry oder Huberty, déi esou vill bedeite wéi "Jong vum Péiter" oder "Jong vum Hubert". Eng wichteg Roll spille och al Hausnimm, déi fréier op Bauerenhäff benotzt goufen a sech an de Dierfer dacks duerchgesat hunn.
Interessant si weider sproochlech Differenzen iwwert d'Grenzen, wou Nimm an anere Sproochen eng Verännerung vun der Form kréien, wéi Holzmacher op Franséisch "Dubois“.
D'Fuerschung vum Jean-Claude Muller soll och dozou bäidroen, al Hausnimm fir déi nächst Generatioune festzehalen. Méi Detailer ginn et den 11. Juni bei enger Konferenz op der Biekerecher Kulturmillen.