Liewensmëtteladministratioun warntMëllechpuddere fir Bëbeeë "Calisma Relais" an "Optima 1" ginn zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Béid Produite kéinte Cereuliden enthalen, e Gëftstoff, dee vum Bakterium "Bacillus cereus" produzéiert gëtt.
© RTL Grafik

Den Toxin ka beim Konsument Iwwelkeet an Erbriechen ausléisen. Betraff sinn d’Mëllechpuddere “Calisma Relais” vu Gallia an “Optima 1" vu Babybio fir Puppelcher bis 6 Méint. Dee vu Gallia ass bis den 13. Oktober 2026 haltbar, dee vu Gallia bis den 12. August 2027.

© RTL Grafik

Méi Detailer zu de Réckriff fannt Dir hei, an hei.

Net nëmmen zu Lëtzebuerg, ma europawäit schloen d’Produzente vu Puddermëllech Alarm a ruffen hir Produiten zeréck. Grond dofir ass d’Kontaminatioun mat Cereulid, engem Hëtzt-bestännege Gëftstoff, dee vu Bakterie produzéiert gëtt, déi a Liewensmëttel kënne wuessen. Déi heefegst Symptomer sinn Iwwelzegkeet an Duerchfall a si komme meeschtens bannent dräi Stonne nom Drénke vun der Mëllech op. Déi franséisch Autoritéiten ënnersichen aktuell den Dout vun zwee Puppelcher. D’Kanner sollen déi betraffe Mëllech gedronk hunn. Bis ewell gouf awer nach net wëssenschaftlech nogewisen, datt effektiv e Lien besteet.

Back to Top
CIM LOGO