Neit Gesetz presentéiertMatsproocherecht fir Chamber bei Auslandsmissioune vun Arméi

Maxime Gillen
Bis ewell huet d'Regierung Decisiounen iwwer Auslandsmissioune kënnen huelen, ouni d'Chamber virdrun ze froen. Domat soll awer elo Schluss sinn.
© EMA

Wien decidéiert wéini a firwat Lëtzebuerger Zaldoten op eng Auslandsmissioun geschéckt ginn? Dat ass d'Fro, ëm déi sech en neit Gesetz dréit, dat en Donneschdeg de Mëtteg an der zoustänneger Chamberskommissioun diskutéiert gouf.

Auslandsmissioune vun Arméi / Reportage Maxime Gillen

D'Schwieregkeet bei dësem Gesetz war et wuel de Spagat ze maachen, tëscht der Iddi fir d'Chamber an esou Decisioune mat anzebezéien an awer nach ëmmer méiglechst séier kënnen ze agéieren. D'Chamber méi staark mat anzebannen, war dem Minister François Bausch hei awer och e perséinlecht Uleies.

François Bausch: Mir hate bis elo ni eng Traditioun hei zu Lëtzebuerg, dass d'Parlament bei esou Saachen an deem Mooss agebonne ginn ass. Dat ass mir wichteg an dat ass och net nëmme well ech oder d'Regierung doduerch méi zefridde sinn, mä ech fannen et och politesch richteg, dat ze maachen, well esou Auslandsmissioune vun der Arméi, respektiv déi Saachen, déi mir do maachen, si jo awer delikat, och wa se heiansdo awer noutwenneg sinn. Dofir mengen ech ass et gutt, dass eng politesch Debatt virdru stattfënnt, déi och da sensibiliséiert an déi e kloert Mandat herno gëtt.

Jee nodeem ëm wéi eng Missioun et geet, kann d'Chamber bannent dräi Deeg kuerzfristeg aberuff ginn, fir am grousse Plenum iwwert e Lëtzebuerger Asaz ze diskutéieren. D'Oppositioun war op den éischte Bléck op alle Fall emol zefridde mat der Propositioun vum Minister.

Den CSV-Deputéierten a fréiere Verdeedegungsminister Jean-Marie Halsdorf: Et muss een elo kucken, wéi koherent dat Ganzt elo ass, mä et geet an déi richteg Richtung. Wa mer dat doten hikréien, mengen ech dann hu mer méi Flexibilitéit an dann hu mer e bessert Gesetz, wéi dat wat mer bis elo haten.

Am Gesetzesentworf vum Minister ass dann och festgehalen, dass hien all sechs Méint an der zoustänneger Chamberskommissioun de Point vun alle Missioune muss maachen, déi aktuell am Gaange sinn.

Back to Top
CIM LOGO