Führerschäin fortMat ze héijer Vitess an Alkohol am Blutt Policepatrull iwwerholl

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht huet en Dënschdeg een Automobilist säi Führerschäin missen ofginn.
© Archiv

Mat ze héijer Vitesse hat an der Nuecht op en Dënschdeg ee Mann um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch eng Policepatrull iwwerholl. Den Auto gouf kuerz drop gestoppt. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt den Automobilist ze vill gedronk hat. No engem Alkoholtest huet de Mann säi Permis missen ofginn, den Auto gouf immobiliséiert an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Am Neiduerf an der Stad gouf et e Méindeg den Owend een Accident. Ee Motorrad gouf frontal vun engem Auto erfaasst. De blesséierte Motorradsfuerer war nom Accident uspriechbar, hie koum fir eng Kontroll an d'Klinick. Eng Rout Luucht war net berécksiichtegt ginn.

An der Rue Origer an der Stad hunn d'Beamten bei zwou Persoune Marihuana fonnt. D'Droge goufe séchergestallt a géint béid Männer gouf eng Plainte wéinst Drogebesëtz gemaach.

Back to Top
CIM LOGO